
Carole Hartmann
@carolehartmann
Avocate, Députée, Bourgmestre à Echternach, Secrétaire générale du DP
ID: 1641292130
02-08-2013 20:45:16
135 Tweet
664 Followers
295 Following


No der Kritik un der Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet e Mëttwoch och d'Carole Hartmann betount, "datt mer an der Santéspolitik awer e gewëssene Retard hunn". rtl.lu/radio/invite-v…


D'Demokratesch Partei ass däitleche Gewënner vun de #Gemengewalen! Mir hunn et fäerdeg bruecht a ville Gemengen eist Resultat ze confirméieren an ze verbesseren, mat erfuerenen an awer och mat neie jonke Kandidat/innen. Bravo, grousse Respekt a Merci un all déi engagéiert Leit! 💙

10 Deeg Pappecongé fir Independanten Eng laang Fuerderung vun der Demokratesch Partei gëtt endlech Realitéit!




Entrevue mam Schäfferot vun der Stad Iechternach: Den Inneminister Léon Gloden huet der Ville d'Echternach weider finanziell Ënnerstëtzung zougeséchert, fir d’Héichwaasserschied ze behiewen a fir d’Infrastrukturen ze erneieren.🤝🏘️


Mir brauchen also weiderhin eng kompetitiv Wirtschaft. Kompetitivitéit net als Selbstzweck, mee als Mëttel. Eng Wirtschaft, déi sécher Aarbeschtsplaazen an de néidege Wuelstand schaaft. Nëmme wa Wuelstand geschaf gëtt, kann och eppes verdeelt ginn. Carole Hartmann Demokratesch Partei

Eist Haaptzil ass et eis Energie- a Klimapolitik esou séier wéi méiglech klimaneutral ze gestalten fir d’Ziler aus dem PNEC z’erreechen a gläichzäiteg eise Wuelstand laangfristeg ofzesécheren. Carole Hartmann Demokratesch Partei #edln2024


⚠️eisen Invest an d’Klimaneutralitéit huet fir eis Prioritéit. Hei kann an dierf net gespuert ginn Carole Hartmann Demokratesch Partei #edln2024

D' Demokratesch Partei wäert sech weiderhin dofir staark maachen, datt eng Joresaarbechtzäit fir méi Salariéen erméiglecht gëtt. Dofir muss de POT op de Leescht geholl ginn, deen aktuell vun der Majoritéit vun den Entreprisen am Land net genotzt gëtt, well seng Uwendung vill ze ëmständlech


D’Preventioun muss verstäerkt an de Mëttelpunkt réckelen, d’Gesondheetsversuergung muss méi no a méi séier verfügbar bei de Leit sinn an eise Gesondheetssystem muss nees méi attraktiv fir d’Dokteren an d’Gesondheetspersonal ginn. Carole Hartmann Demokratesch Partei #edln2024

D’Demokratesch Partei steet fir eng léisungsorientéiert Politik, déi eis Bierger a Betriber haut gezielt ënnerstëtzt an eist Land op d’Défien vu muer virbereet, mam Zil eise Sozialstaat ze erhalen a fir eng besser Zukunft fir d’Bierger an d’Betriber ze suergen. Carole Hartmann #edln2024